Iwwerfëllten ëffentlech Transportmëttel : Wéi schätzt de Minister d’Ustiechungsgefoer an, a wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu iwwerfëllten ëffentlechen Transportmëttelen am Kontext vun der Coronavirus-Pandemie un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Aus engem rezente Reportage aus de Medie geet ervir, dass ëffentlech Transportmëttele plazeweis iwwerlaascht sinn. Dëst ass zum Beispill de Fall bei der Busverbindung 500 tëschent Ettelbréck an Iechternach. Ënnert anerem ausgeléist duerch d’Campagne „Vakanz doheem“, ass d’Passagéierunzuel am ëffentlechen Transport geklommen, sou dass di néideg Distanzen net méi kennen agehale ginn. Och wann d‘Maskenflicht am ëffentlechen Transport gelt, sou gëtt et awer bis elo keng Begrenzung vun der Unzuel Passagéier pro Bus oder Zuchwaggon. Vue dass d’Loftzirkulatioun an engem Bus oder Zuchwaggon awer begrenzt ass, an een sech an engem zur gréissten Zäit zouene Raum befënnt, kennen dëst Plazen en erhéicht potenzielle Risiko fir d’Verbreedung vum Coronavirus duerstellen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Erkennt d’Regierung iwwerfëllt ëffentlechen Transportmëttelen als grousst potentiell Risiko fir d’Verbreedung vum Coronavirus un?
Wa jo, gedenkt d’Regierung d’Unzuel vun de Passagéier pro Bus, bzw. Zuchwaggon ze begrenze, fir ee gewëssene Grad un engem neidesche Mindestofstand kennen anzehalen?
Wäert d’Regierung d’CFL a Busentreprisen encouragéieren oder souguer uweisen hir Transportpläng ze iwwerschaffen a méi oder méi grouss Busser zu Stousszäiten zur Verfügung ze stelle fir datt d’Sécherheet bei der „Vakanz doheem“ garantéiert ass?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéierten

Zréck