D’Ubidder vu private Sproochecouren hunn duerch den Covid-19 en Abroch vum Ëmsaz bis zu 90%, kréien allerdéngs keng finanziell Hëllef vum Staat.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister an un den Här Minister fir Mëttelstand weider ze leeden.

Och wann de Secteur am Mäerz ganz séier op virtuell Coure geswitched huet, esou hunn d`Ubidder vu private Sproochecouren duerch Covid19 en Abroch vum Ëmsaz vun tëschend  50% bis 95%. D`Betriber hu säit dem confinement vill Couren missten storneieren, respektiv buchen d´Betriber wéinst der finanzieller Onsécherheet de Moment keng weider Formatioune fir hir Mataarbechter. Déi aktuell Gesetzer mat deenen d´Betriber finanziell Ënnerstëtzung kennen ufroen, couvréieren net de Secteur vun de « centres de formation privés non conventionnés ». Ouni eng séier finanziell Hëllef, riskéiere vill Ubidder Mataarbechter mussen ze kënnege respektiv ganz mussen zou ze maachen.

 

An desem Kontext, well ech gäre folgend Froen stellen:

  • Sinn d´Ministeren au courant vun der Prekaritéit am genannte Secteur?
  • Gedenken d`Ministeren de betraffene Betriber eng finanziell Hëllef zoukommen ze loossen?
  • Wa jo, wéini?
  • Wa nee, aus wéi enge Grënn gëtt dëse Secteur vun de Bäihëllefen ausgeschloss?

 

Mat beschte Gréiss,

 

Francoise Hetto

Deputeiert

Zréck