Questions parlementaires

Gëtt et beispillsweis eng Strategie fir den Deconfinement an de Kierchen? Wann jo, wéini sollen dës erëm opgoen? Wéi kann d´Pratique vun de Kulten an Zäite vun Deconfinement ausgesinn ?

Kann d’Regierung eis méi Informatiounen zu der Verdeelung an dem Stockage vu chirurgesche Maske ginn ? 

Wann déi staatlech Hëllefen mussen zréckbezuelt ginn wäerte vill Betriber an Independanten Schwieregkeete kréien. Kann d’Regierung d’Mesurë fir d’Entreprisen an Independanten ausbesseren an deem si steierlech Mesuren wéi den « loss carry back » aféiert ?

Vill Aarbechter géife gären hire Congé wéinst der Coronakris verleeën. Kann de Patron dat refuséieren a sengen Aarbechter si missten de Congé wéi geplangt ze huelen ?

An de leschte Wochen gouf e Produit mam Numm Lionser-Medical Desinfectant a grousse Quanitéiten a Schoulgebaier a Musekschoulen verdeelt. Huet dee Produit déi néideg Autorisatiounen fir däerfe kommerzialiséiert a verdeelt ginn?

Ass de Risiko vun enger Pandemie vun de betriblechen a a professionellen Assurancepolice, déi gemengerhand bäi eis ofgeschloss ginn, ofgedeckt? Wann Betriber oder Selbststänneger hire Schued ersat kruten, sinn si an deem Fall d’Indemnitéiten, déi si vu staatlecher Säit kritt hunn zréckzebezuelen?

De “Memorandum of Understanding” deen tëscht dem Staat, Google an der Gemeng Biissen iwwert den néien Datenzenter Biissen geholl ginn ass, gouf vun der “Commission d’accès aux documents” als net confidentiel erkläert. Wäert d’Regierung sech no dësem Audit riichten an den MoU ëffentlech maachen ?

Am Kontext vun der Coronakris hunn divers Regierungsvertrieder de Leit erkläert si kéinten aplaz Schutzmasken och e Buff oder änleches droen. Dofir krut oder kritt all Schüler vun der Regierung 2 Buffen zur Verfügung gestalt. Wéi fiabel sinn déi Buffen, a ginn se de Schüler déi néideg Protectioun?

Et ass an der Vergaangenheet widderhuelt zu Manipulatiounen vun den elektronesche Foussfesselen bäi Prisonéier komm. Wéi kënne sou Manipulatiounen verhënnert ginn?

Wéi gedenkt d’Regierung d’Reesagence ze ënnerstëtzen ?