Schüler, Enseignantë an Elteren mëllen sech landeswait zu Wuert, fir sech iwwert eenzel Ëmstänn an de Lycéeën op Grond vun de Corona-Reegelen ze beschwéieren. Ass de Minister mëttlerweil net der Meenung, datt et besser wär, selwer kloer national Consignen eraus ze gi fir all d’Schoulen ?

Här President,

sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës dréngend Parlamentaresch Ufro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Op de sozialen Netzwierker mellen sech zanter e puer Deeg ëmmer méi Schüler, Enseignantë an Elteren zur Wuert, fir sech iwwert eenzel Ëmstänn an de Lycéeën op Grond vun de Corona-Reegelen ze beschwéieren.

Laut dësen Aussoe sollen d‘Consigne net koherent, net kloer, an doduerch datt de Minister d’Decisiounen de Lycées-Direktiounen iwwerlooss huet net nëmmen ënnerschiddlech an den eenzele Lycéeën, mä och nach ënnerschiddlech vun den eenzelen Enseignanten interpretéiert ginn. Dëst féiert zu ëmmer manner Versteesdemech a riskéiert och nach zu Spannungen innerhalb vun der Schoulcommunautéit ze féieren.

 

An dësem Kontext, well ech folgend Froe stellen:

  • Ass de Minister mëttlerweil net der Meenung, datt et besser wär, selwer kloer national Consignen eraus ze gi fir all d’Schoulen? Wann neen, firwat net?

 

  • Wann jo, wei gesinn dës Consignen aus a wéini a wéi ginn se un d‘Lycéeën diffuséiert?

 

  • Am « Dispositif pour la rentrée scolaire 2020-2021 dans le contexte de la crise sanitaire COVID-19 » steet beim Punkt 8 -Aération et ventilation – : « Aussi longtemps que les conditions météorologiques le permettent, ouverture permanente des fenêtres et portes. Pour les périodes de mauvais temps, aération répétée des salles de classes pendant la journée. Pour les systèmes de ventilation, basculer à 90% d`air frais. Adaptation de la tenue vestimentaire aux températures plus basses dans les salles de classe. Soit maintenir les fenêtres en position basculée ainsi que les portes des salles de classe ouvertes pendant la durée des cours, soir procéder à une ventilation par à-coups (fenêtres grandes ouvertes) pendant les cinq premières ou dernières minutes des cours. Les élèves sont sous surveillance lorsque les fenêtres sont grandes ouvertes ».

Wat heescht dat genau? Wéi soll dat konkret applizéiert ginn (vill Schüler reklaméieren, datt de ganzen Dag d’Fënsteren an d’Dieren opstinn)?

  • Vill Enseignanten, Schüler a Studente fäerten duerch den undauernden Duerchzoch, sech ze erkalen. Wéi reagéiert de Minister heirobber?

 

  • Sinn d’Lëftungsanlagen, bei deene Schoule wou der do sinn, kontrolléiert ginn, op si e konstanten a vollstännege Loftaustausch kënne garantéieren?

 

  • Gedenkt de Minister méi verstäerkt op mobil „Raumluftreiniger“ zeréckzegräifen? Wann nee, firwat? Wann jo, wéini sollen déi zum Asaz kommen?

 

  • Huet de Minister kloer Consigne fir de Sportunterrecht rausginn ? Wann jo, wéi eng sinn dat? Wann nee, firwat net?

 

  • Laut eisen Informatioune gëtt de Schwammunterrecht an eenzele Lycéeën organiséiert, an an aneren net. Dann ass et bei eenzele verbueden, d‘Hoer ze fönen. Kann de Minister eis erklären, firwat sou Consignë vu verschidde Schoule geholl goufen?

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck