Kierzlech ass eng Parzell mat enger Gréisst vun iwwert engem Hektar an der Gemeng Esch/Sauer, fir Besoin’en vun der Natur- a Bëschverwaltung, vum Staat opkaft ginn. Wëssend, dass op dëser Parzell nëmmen Infrastrukture kënne gebaut ginn, déi een direkte Lien mat der « zone hotelière » hunn, huet de Staat d’Absicht op dëser Parzell eng touristesch Infrastruktur spriech een Hotel opzeriichten ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP Tourismus Stauséi

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt an un den Här Tourismusminister weiderzeleeden.

Duerch d’Corona-Pandemie war dëse Summer zu Lëtzebuerg “Vakanz doheem” ugesot. Et gouf massiv Promotioun fir d’Land gemaach, mat Gratis-Bongen ass d’Hotellerie ënnerstëtzt ginn a vill Lëtzebuerger hunn hiert Land als Touristendestinatioun nei entdeckt. Sou och d’Géigend ronderëm de Stauséi vun Esch/Sauer. An dëser méi strukturarmer Regioun spillt den Tourismus eng wichteg Roll an d’Gemenge rondrëm de Séi sinn ëmmer beméit nei touristesch Infrastrukturen an hier Géigenden ze zéien. Fir dass dëst méiglech ass, hu verschidde Gemengen an hire jeeweilege PAG’en spezifesch « zone hotelière » ausgewise wou nei touristesch Infrastrukture kënne gebaut ginn.

 

Eisen Informatiounen no, ass kierzlech sou eng Parzell mat enger Gréisst vun iwwert engem Hektar an der Gemeng Esch/Sauer vum Staat opkaft ginn – fir Besoin’en vun der Natur- a Bëschverwaltung. Dëse Kaf iwwerrascht virun allem well d’Gemeng Esch/Sauer am Gaang war mat engem private Promoteur ze kucken, dee bereet war an der Regioun een Hotel opzeriichten, e Projet deen der ganzer Regioun zu gutt komm wier an d’Attraktivitéit vum lëtzebuerger Tourismus weider gestäerkt hätt. D’Parzell, déi de Staat opkaaft huet, hätt sou eng Infrastruktur kënnen ophuelen.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Ëmweltminister an un den Här Tourismusminister stellen.

 

  • Ass d’Madamm Minister am Bild vun dësem Terrainskaf ?
  • Ween huet d’Décisioun getraff dëse präzisen Terrain ze kafen ?
  • Firwat an zu wéi engem Zweck huet de Staat dësen Terrain kaft ?
  • Wat ass de Präis dee fir dësen Terrain bezuelt ginn ass ?
  • Wëssend, dass op dëser Parzell nëmmen Infrastrukture kënne gebaut ginn, déi een direkte Lien mat der « zone hotelière » hunn, huet de Staat d’Absicht op dëser Parzell eng touristesch Infrastruktur spriech een Hotel opzeriichten ?
  • Wa neen, wat huet de Staat wëlles mat deem Terrain ze machen ?
  • Wollt de Staat mat dësem Terrainsopkaf verhënneren, dass op dëser Parzell touristesch Infrastrukture sollte gebaut ginn ? Wa jo firwat ?
  • Huet de Staat wëlles och op anere Platzen am Land Terrainen an de sougenannte spezifeschen « zone hotelière » ze kafen oder handelt et sech bei dësem konkrete Kaf em een Eenzelfall. Wa jo, wou a firwat ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen                                   Marco Schank

 

Députéiert

Zréck