Stëmmt et datt et geplangt ass 2022, wann Esch europäesch Kulturhaaptstad wäert sinn, d’Zuchstreck Lëtzebuerg Esch-Uelzecht wärend 2 Méint wéinst Aarbechten ze spären ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Mengen Informatiounen no ass geplangt 2022, wann Esch europäesch Kulturhaaptstad wäert sinn, d’Zuchstreck Lëtzebuerg Esch-Uelzecht wärend 2 Méint wéinst Aarbechten ze spären.

An dësem Kontext géif ech gären der Regierung folgend Froe stellen:

  • Kann de Minister des Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, wat fir eng Aarbechte gi gemaach?
  • Ass et net méiglech dës Aarbechte virun 2022 ze maache respektiv dono?
  • Wat ass d’Alternativléisung wann des Aarbechten onëmgänglech sinn?
  • Deelt de Minister d’Meenung datt et onglécklech wier d’Haaptachs vun der Mobilité douce wärend dem Kulturjoer ze spären an datt domat de ganze Projet „Esch 2022“ zum Deel hypothekéiert wier?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck