Am Joer 2019 waren vun 300 rekrutéierten Enseignant’en 187 Posten mat Quereinsteiger besat ginn. Kann de Minister bei den Verantwortlechen vun der Uni agéieren fir d’Zuel vun den Kandidaten, déi vir d’Formatioun ugeholl ginn an déi de Concours packen, ze erhéijen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Laut engem Artikel vum 05. Oktober 2020 am Luxemburger Wort „Lehrermangel: Eine neue Lösung muss her“, wieren dëst Joer nëmmen hallef esou vill diploméiert Enseignant’en fir d’Grondschoul agestallt ginn ewéi am Joer 2018. Deemno wieren dëst Joer nëmmen 113 Enseignant’en an der Grondschoul rekrutéiert ginn, déi den Unisofschloss sou wéi och de Concours an der Täsch haten.  An dësem Artikel gëtt och ënnerstrach datt eise Grondschoulsystem ouni d’Rekrutéierung vun Quereinsteiger riskéieren géing zesummenzebriechen. Tatsächlech wieren vun 300 rekrutéierten Enseignant’en 187 Posten mat Quereinsteiger besat ginn.

An dësem Kontext well ech folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Kann den Minister des Zuelen bestätegen?
  • Wéi eng Ausgangsformatiounen haten des Quereinsteiger?
  • Ass eng Evaluatioun vun der Zousazausbildung, déi d‘ Quereinsteiger um Ifen mussen maachen, gemaach ginn? Wann jo, wat sinn d‘ Resultater an d’ Konsequenzen ?
  • Wat gesäit de Minister vir fir den Beruff vum Einseignant erëm méi attraktiv ze maachen?
  • Laut eisen Informatiounen géif d’Uni.lu net genuch Kandidaten pro Joer ophuelen respektiv et géifen der net genuch de Concours reusséieren. Wéi vill Kandidaten sinn vun der Uni.lu an deenen lëschten Joren pro Joer ugeholl ginn a wéi vill hunn dovun de Concours gepackt? Agéiert de Minister bei den Verantwortlechen vun der Uni fir d’Zuel vun den Kandidaten déi vir d’Formatioun ugeholl ginn an déi de Concours packen ze erhéijen ?
  • Wéi vill Kandidaten, déi op der Uni.lu fir d‘Enseignantsformatioun ugeholl ginn, hunn Defiziter an engem vun den Haaptfächer? Wou sinn déi meeschten Defiziter fest ze stellen? Wann een dovunner ausgeet, datt den Enseignant net nëmmen pedagogesch, mee och fachlech Kompetenzen muss opweisen, wat huet de Minister wëlles fir ee qualitativ héichwäertegen Enseignement ze garantéieren ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck