Wéi eng Uebstzorte ginn am meeschten an d’Schoule geliwwert a gëtt et vill Gaspillage alimentaire beim Schouluebst ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer d‘Schouluebst un den Här Landwirtschaftsminister an den Här Educatiounsminister weider ze leeden.

  • Wéi eng Uebstzorte ginn am meeschten an d’Schoule geliwwert?
  • Wéi eng Uebstzorte ginn am meeschte giess a wéi eng am mannsten?
  • Gëtt et vill Gaspillage alimentaire beim Schouluebst ?
  • Wa jo, wéi eng Uebstzorte sinn am meeschte betraff?
  • Ass et méiglech d’Ausschreiwung fir d’Schouluebst esou ze formuléieren datt och méi kleng lokal Produzente kënne matmaachen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch                                           Martine Hansen

Deputéiert                                                                  Deputéiert

Zréck