Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 149 Questions parlementaires 19 August '20 Profitéiert Fage vu steierlechen Avantagen zu Lëtzebuerg ? Huet den Här Finanzminister der Vente vum Terrain zougestëmmt ? 19 August '20 D’Sécherheetslag am Mali riskéiert sech ze verschlëmmeren. Wéi vill Persounen vu Lëtzebuerger ONGen befannen sech aktuell an der Regioun a wéi garantéiert d’Regierung d’Sécherheet vun deene Leit op der Plaz ? Ass séchergestallt, dass dës Persounen jee no Entwécklung vun der Situatioun direkt rapatriéiert kënne ginn? 19 August '20 Stëmmt et datt op verschiddenen Desinfizéierproduiten fir d’Hänn Informatiounen iwwert d’Effikassitéit baim Coronavirus feelen ? 19 August '20 Wat ass d’Positioun vun der Justizministesch zum Audit iwwert d’Dateveraarbechtung an der Justiz ? 19 August '20 Stëmmt et datt d’Schwammmeeschteren net méi vill un de Schwammcoursë vun der Primärschoul deelhuelen ? Kéint et sinn datt Sécherheet an de Schwammcoursen duerch ze wéineg forméiert Schwammmeeschteren a Gefor bruecht gëtt ? 19 August '20 Stëmmt et datt Patienten aus Lëtzebuerg wéinst der COVID-19 Pandemie an auslännesche Spideeler refuséiert gi sinn? Wéi gedenkt d’Regierung bei den jeeweilegen Nopeschlänner ze intervenéieren ? 18 August '20 D’Fourrière vun der Police zu Esch/Belval ass aus Sécherheetsgrënn mat Effet immédiat zougemaach ginn. Wat mëscht d’Regierung fir d’Police bäi der Sich no enger provisorescher Léisung ze ënnerstëtzen ? Firwat gouf net schonn 2019 mat der Sich no enger provisorescher Léisung ugefaangen ? 17 August '20 Verschidde Patiente brauchen Therapien mat héichdoséierten Vitaminpreparater. Wéi kann et sinn datt d’Gesondheetskeess de Remboursement vu dësen refuséiert, mam Argument datt Vitaminnen Iessergänzungsmëttele wieren a keng Medikamenter ? 14 August '20 Fir wat verspéit sech deen geplangten verbesserten Accès zu den Nordgemengen ? Kann de Minister fir Mobilitéit eis eng Strategie fir den ëffentlechen Transport virleeën, déi den Accès zu den Nordgemengen méi einfach mëscht ? 14 August '20 Wéi steet et ëm d’Recht op Informatioun iwwer medizinesch Agrëffer / Tester, respektiv dem gläichberechtegen Zougang dozou? Wéi ass et z.B. mat den PCR-Tester, deen a Behënnertestrukturen am Kontext vum Large Scale Testing duerchgefouert gouf? Kruten déi Concernéiert d’Resultater direkt matgedeelt an zwar ënnert enger Form, déi hinnen och zougänglech ass? 146147148149150151152