Aus wéi engem Grond ass d‘Zuel vun de Spidolsbetter erofgaangen an deene leschte Joren ? Wéi vill Better ginn et momentan an alle Klinicken zu Lëtzebuerg ? Wéi vill dovun sinn Intensivbetter ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Laut dem Rapport « le Système de Santé au Luxembourg – une comparaison internationale » N°10 vum September 2020 vun der Inspection générale de la sécurité sociale, hat Lëtzebuerg 2009 5,5 Spidolsbetter pro 1000 Awunner zur Verfügung. 2018 wieren et nëmmen nach 4,5 Better pro 1000 Awunner ginn, an dovunner 3,7 Better vir d’soins curatifs an 0,8 Better vir soins de réadaptation.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Aus wéi engem Grond ass d‘Zuel vun de Spidolsbetter erofgaangen an deene leschte Joren ?
  • Wéi vill Better ginn et momentan an alle Klinicken zu Lëtzebuerg ? Wéi vill dovun sinn Intensivbetter ?
  • Laut eisen Informatiounen, wieren d’Intensivbetter a verschiddenen Spideeler d’lescht Joer em dës Zäit scho komplett besat gewiescht, kann d’Regierung dëst confirméieren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck