Ass esou een Tweet vun der Familljeministesch fir drop opmierksam ze maachen datt Lëtzebuerg nët am Lockdown ass an dësen Zäiten opportun?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weider ze leeden.

De Premierminister huet haut an der Pressekonferenz zu eventuellen neie COVID-Restriktiounen op eng Fro vun engem Journalist ganz kloer geäntwert datt de Mëttelstandsminister keen Opruff gemaach hätt fir an der Grenzregioun Publicitéit ze maachen datt d’Frontaliere wärend dem Lockdown an hirem Heemechtsland an de Grand-Duché solle shoppe kommen.

Gläichzäiteg muss ee feststellen datt d’Madamm Familljeminister op engem sozialen Netzwierk e Reportage vun enger grousser franséischer TV-Chaîne gedeelt huet an där drop higewise gëtt datt zu Lëtzebuerg kee Lockdown ass an all Commercen hir Dieren op hunn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Ass de Premierminister net der Meenung datt de Message vun der Familljeministesch d’Leit dozou aluet op Lëtzebuerg consomméieren ze kommen?
  • Riskéiert esou e Message vun engem Regierungsmember an dëse kriddelegen Zäiten net eventuell dozou ze féieren datt d’Infektiounszuele weider an d’Luucht ginn?
  • Ass de Premierminister der Meenung datt esou e Message an dësen Zäiten opportun ass?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck