Firwat wëll de Sportminister op d’Kompetenzen an d’Erfarunge vun engem Sportsproff um Poste vum Sportskommissär verzichten?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu enger Reform bezüglech der Besetzung vum „Commissaire de gouvernement à l’éducation physique et aux sports“ un den Här Sportminister weider ze leeden.

De Schoulsport, vum Précoce bis zum Schoulofschloss am Lycée, ass extrem wichteg fir d’Entwécklung an d’Gesondheet vun de Kanner a Jugendlecher. Aus engem rezenten Artikel vum Tageblatt geet ervir, dass am Sportsministère un engem Gesetzesentworf geschafft gouf, wouduerch de vakante Poste vum “Commissaire de gouvernement à l’éducation physique et aux sports” den Zousaz „éducation physique“ verléiere soll, wat net nëmmen eng ganz Rei Deputéierte mee och all ausgebildete Sportsproff erstaunt. Wann mir de Gesetzesentworf richteg interpretéieren, brauch den héchste Beamten am Sportministère an Zukunft weder Erfarung (zum Beispill 15 Joer am Staatsdéngscht wéi bis elo), nach eng spezifesch Ausbildung (Sportpädagogik, Didaktik/Methodik, Sportmedizin, Anatomie, Bewegungswëssenschaft, asw.) méi. Op sou engem Poste sinn des Kompetenzen an Erfarungen awer indispensabel. Vue dass de Sportskommissär sämtlech Beräicher an der Sportpolitik koordinéiert, kontrolléiert an de Sportsministère och beréit, biergen des nei Vergabekrittären d’Gefor, dass de Sportskommissär zu engem politesche Posten ëmfunktionéiert gëtt an doduerch déi néideg politesch Distanz an Onofhängegkeet fir d’Ausübe vu sengen Aufgabe verléiert.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Firwat wëll de Sportminister op d’Kompetenzen an d’Erfarunge vun engem Sportsproff op dësem Poste verzichten?
  • Firwat gëtt beim Choix fir den “Commissaire de gouvernement à l’éducation physique et aux sports” net op d’Meenung vun der APEP, LASEP, LASEL, COSL, asw. gelauschtert?
  • Stëmmt et dass och de Poste vun enger Direktesch/Direkter vun der ENEPS (Ecole Nationale de l’Education Physique et des Sports) op dës nei Aart a Weis rausgesicht a nominéiert soll ginn?
  • Verzicht de Sportminister op déi pedagogesch Erfarungen an der “Commission d’analyse critique” vum Travaux publics?
  • Gëtt domadder d’Sportkonzept vum COSL, wou de Schoulsport ee wichtegen Deel anhëlt, net ofgewäert?
  • De Schoulsport dréit och zum Projet LTAD (Long Term Athlete Development) bäi. Gëtt dëse Projet duerch dëse Mangel u Kompetenzen an Erfarungen am Schoulsport net a Fro gestallt?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép Kemp                                       Georges Mischo

Deputéierten                                                       Deputéierten

Zréck