Op wéi enger wëssenschaftlecher Basis baséiert d’Ausso vun der Regierung datt d’Filteren „kee relevanten Effet op d’Verhënnere vun der Verbreedung vum Virus“ hunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet an den Här Minister fir Edukatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.

Den Här Minister fir Edukatioun huet an de parlamentaresche Froen n°2938 an n°2812 „ëmmer erëm vum Asaz vu mobille Filteren ofgeroden, well se kee relevanten Effet op d’Verhënnere vun der Verbreedung vum Virus“ géifen hunn.

Laut der fachtechnescher Zäitschrëft Science vum 16. Oktober n°6514 Vol. 370 wieren Aerosolen den Haaptiwwerdroungswee vum Covid-19. Aerosolen déi de Virus enthalen géifen en iwwer 2 Meter weidertransportéieren, an de Virus géing sech esou an de Raim accumuléieren. An deem Sënn géingen d‘Wëssenschaftler kloer Richtlinnen fuerderen vir d‘Banneloft ze verbesseren duerch Belëftung an och duerch Filterung.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Op wéi enger wëssenschaftlecher Basis baséiert d’Ausso vun der Regierung datt d’Filteren „kee relevanten Effet op d’Verhënnere vun der Verbreedung vum Virus“ hunn?
  • Hällt d‘Regierung weider un hirer Ausso fest datt d’Filteren „kee relevanten Effet op d’Verhënnere vun der Verbreedung vum Virus“ hunn, esou wéi se dat an deenen zwou parlamentaresche Froen annoncéiert huet?
    • Wann jo, aus wéiengem Grond?
    • Wann nee, ass de Minister mëttlerweil bereet, den Schoulen Raumloftfilteren zur Verfügung ze stellen, do wou se noutwendeg sinn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck