Am ganzen Nord-Weste vum Land nach ëmmer keng eenzeg Teststatioun. Ass ugeduecht fir eng weider do Teststatioun anzeriichten? Wa nee, firwat net ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QU Teststation Nord-Westen

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

 

Am Kader vun Large Scale Testing geet Teststatioun zu Schieren den 19. November definitiv zou a gëtt duerch eng néi Statioun um Rouscht ersat, déi ab dem 20. November 2020 operationell ass. An der 2. Phase vum Large Scale Testing sinn och nach op anere Platzen néi Teststatiounen opgaang. Leider gëtt et am ganzen Nord-Weste vum Land nach ëmmer keng eenzeg Teststatioun.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsminister stellen:

 

  • Ass ugeduecht fir eng weider Teststatioun anzeriichten?
  • Wa jo ,wou kéint des Teststatioun hikommen?
  • Wa neen, firwat net ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck