Wann e PCR-Test e schwaacht positiivt Resultat uweist, muss ee virsiichteg si wéi een dat Resultat interpretéiert well et keng harmoniséiert Approche fir d’Resultater vun deenen Tester tëscht de Laboratoire gëtt. Fir wat ginn et bis elo keng kloer Recommandatiounen zur Interpretatioun vun den Test-Resultater?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Gëschter war vun engem vun de Responsabele vun engem Lëtzebuerger Laboratoire dee Coronatester virhëlt gewuer ze ginn datt et keng harmoniséiert Approche gëtt fir d’Resultater vun deenen Tester. Verschidde Laboe géifen d’Resultater op verschidde Manéiere liwweren. Wann z.B. e PCR-Test e schwaacht positiivt Resultat uweist, misst ee virsiichteg si wéi een dat Resultat interpretéiert.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Ass d’Regierung sech dëser Problematik bewosst?
  2. Fir wat ginn et bis elo keng esou kloer Recommandatiounen zur Interpretatioun vun den Test-Resultater?
  3. Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt esou eng Recommandatioun mat kloren Instruktioune wéi d’Testresultater ze interpretéiere sinn, noutwendeg an hëllefräich wieren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Octavie Modert                                           Marc Spautz

         Deputéiert                                                Deputéierten

Zréck