Säit dësem Dënschdeg sinn eis Spideeler an der Phase 4. Wéi vill Agrëffer an Operatiounen an eise Spideeler goufe scho verréckelt? Zielt just déi medezinesch Noutwendegkeet oder ginn och aner Critèrë wéi z.B. d’Péng vum Patient mat a Betruecht gezunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Fir d’Gesondheetsversuergung wärend der COVID-19 Pandemie beschtméiglech ze garantéiere gëtt et ee Plang fir d’Organisatioun vun de Spideeler dee 4 Phasë virgesäit. Vun der Phase 3 un ass virgesinn datt net urgent Agrëffer verréckelt ginn. Säit dësem Dënschdeg sinn eis Spideeler an der Phase 4.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi vill Agrëffer an Operatiounen an eise Spideeler goufe scho verréckelt?
  2. Wéi gëtt do den Tri gemaach? Zielt just déi medezinesch Noutwendegkeet oder ginn och aner Critèrë wéi z.B. d’Péng vum Patient mat a Betruecht gezunn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                Jean-Marie Halsdorf

Deputéiert                                         Deputéierten

Zréck