Questions parlementaires

Wéi eng Positioun vertrëtt Lëtzebuerg géigeniwwer dem politesche Grupp Hezbollah ?

Ass d’Regierung informéiert iwwer den aktuelle Mangel u Bluttkonserven? Wa jo, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir kuerzfristeg d’Reserven opzestocken?

Huet de Ministère unhand vum Contact Tracing Statistiken déi weise wou d’Leit sech infizéieren ? Wa jo, gedenkt d’Regierung dës Statistiken ze publizéieren ?

Iwwert de Wee vu Konventiounen ënnerstëtzt de Ministère Gemengen, ëffentlech Promoteuren an aner Acteure beim Schafe vun néiem abordable Wunnraum. Wéi vill Konventiounen huet de Ministère zanter Ufank vun dëser Legislaturperiod mat de Gemengen, ëffentlech Promoteure an aneren Acteuren ënnerschriwwen ?

Wat ass säit Februar konkret geschitt fir d’Delaie fir e Rendezvous an der Mammographie ze verkierzen?

Wéi vill Demanden ginn et vir Bai der Police vun enger Karriär C1 an eng méi héich ze wiesselen ? Wéi eng Konditiounen mussen dës Persounen erfëllen ?

Rezent goufe Leit positiv getest déi de Virus guer net haten. Wéi vill Persounen sinn säit dem Ufank vun den Tester, falsch positiv getest ginn an doduerch a Quarantän gesat oder isoléiert ginn? Wéi vill Deeg waren dës Persounen isoléiert ?

Massivt Klamme vum Tubakskonsum bei Jonken.

Dierf an de Buvettë vun de Sportinfrastrukturen Iessen an Drénken zerwéiert ginn, wann d’Leit et am Setze consomméieren?

Wéi vill Kanner hunn, am Kader vun der Summer School 2020, un den Appuiskueren deelgeholl? Fir déi Kanner déi schoulesch Retarden opweisen, accordéiert d’Regierung zousätzlecht Personal vir zousätzlech Appuiskueren ze organiséieren?