Wat geschitt wann e Student deen misst um Premièresexamen deelhuelen a Quarantän gesat gëtt?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kënn der hei noliesen : QP_MHansen_Examens

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister vir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

 

D’Quarantän gëtt bei Persounen applizéiert, déi enke Kontakt mat enger Persoun haten, bei där d’COVID-19-Infektioun confirméiert gouf, d.h. méi ewéi eng Véierelstonn vis-à-vis vun hir gewiescht sinn oder en ongeschützte physesche Kontakt gehat hunn.

Dës Persoune musse wärend 7 Deeg doheem bleiwen, vun deem Dag un, wou si fir d’lescht Kontakt mat der infizéierter Persoun haten.

 

Virum Hannergrond vun der aktueller Kris, ginn wéi all Joers am Mee an am Juni 2021 erëm d’Premièresexamen organiséiert. Am Règlement grand-ducal du 31 juillet 2006 portant organisation de l’examen de fin d’études secondaires heescht et:

 

«Le candidat absent de l’examen pour un motif reconnu valable par le commissaire est autorisé à se présenter aux épreuves pendant lesquelles il a été absent, selon les modalités suivantes:

Si l’absence est d’une journée au plus, le candidat passe ces épreuves lors de la journée de repêchage dont la date est fixée par le commissaire.
Si l’absence à la session d’été est de plus d’une journée, le candidat est autorisé à passer ces épreuves à la session d’automne.»

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wat geschitt wann e Student deen misst um Premièresexamen deelhuelen a Quarantän gesat gëtt well en a Kontakt war mat Covid-19 positiven Persounen, ouni dass dësen selwer positiv getest ginn ass?
  • Kënnen an deem Fall Schnelltester agesat ginn an kann de Schüler am Fall wou deen Test negativ ausfält um Examen deelhuelen? Oder muss dësen Student den Examen zu engem spéideren Zäitpunkt nohuelen? Wann jo, wéini?

Mat déifstem Respekt,

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck