Wat sinn d’Ursaachen, dass d’Abrochversich zu Lëtzebuerg ëm dat Duebelt eropgaange sinn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Abréch un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Am Communiqué vun der Police zur „Campagne anti-cambriolage 2020/2021 » steet ze liesen, dass d’Abréch a bewunnten Haiser vun Oktober 2020 bis Januar 2021 par Rapport zur Vergläichsperiod 2019/2020 ëm 200 Fäll erofgaange sinn, vun iwwer 600 op ronn 400.  Parallel dozou sinn d’Abrochversich awer vun 240 op 450 eropgaangen.

Wann ee sech d’Statistik vun Abréch an Abrochversich zesummen ukuckt, ass d’Situatioun quasi onverännert. Mam Ënnerscheed, dass déi 200 Fäll, an deenen d’Brigangen net an d’Haus erakomm sinn, elo bei den Tentative stinn. Opgrond vun der Tatsaach, dass d’Leit duerch d‘Covid-19-Mesuren generell méi doheem sinn, ass den Abrochbilan vun der Police awer net gutt.

An an der Hallschent vun de Fäll – Abréch an Abrochversich – gouf probéiert, duerch d’Garage oder duerch de Keller an d’Haus eranzekommen, eng Virgoensweis, déi virun allem um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg zimmlech heefeg ass, wéi d’Police weider schreift.

Am Kontext vun dësem Bilan erlaben ech mir, folgend Froen un den Här Minister ze stellen:

  • Wat sinn d’Ursaachen, dass d’Abrochversich ëm dat Duebelt eropgaange sinn?
  • A wéi enger Frequenz par Rapport zur selwechter Period 2019/2020 si vun der Police tëscht Oktober 2020 a Januar 2021 Patrulle gefuer ginn ?
  • Wéi hu sech déi zousätzlech Aufgabe vun der Police am Kader vum „Couvre-feu“ op déi regulär „Anti-cambriolage“-Patrullen ausgewierkt?
  • Wéi eng Mesure si geplangt, fir dass d’Zuel vun den Abréch an Abrochversich net nach weider eropgeet?
  • Wa gewosst ass, dass a 50 Prozent vun de Fäll duerch Garage oder Keller agebrach gëtt, wéi wierkt sech dat op d’Statistik vun de geklauten Autoen aus?
  • A wéi vill Fäll dovun kann ee vun engem Home-Jacking schwätzen?
  • Wann déi Abrochmethod duerch Garage a Keller an der Stad Lëtzebuerg besonnesch populär ass, wéi eng Quartieren si besonnesch betraff a wat ass d’Strategie vun der Police, fir géint dee Phenomen virzegoen?
  • Wéi deelen sech d’Abréch an d’Abrochversich geografesch op? Wéi ass d’Relatioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Rescht vum Land?
  • D’Policegewerkschaft SNPGL nennt de pluriannuelle Rekrutéierungsplang vun der Regierung „illusoresch“. Et wier net realistesch ze mengen, datt schon nächst Joer 200 zousätzlech Poliziste kéinten op den Terrain geschéckt ginn.  Wéi steet de Minister zu där Ausso a wéi gedenkt hien, d’Sécherheetsgefill vun de Leit ze stäerken?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck