Wéi bewäert d’Madamm Ministesch den Ëmstand, dass e presuméierten Täter net iwwer d’Astellung vun engem Strofverfahren (classement sans suite) géint seng Persoun muss informéiert ginn ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

Duerch e Gesetz vum 8. Mäerz 2017 ass folgende Passus an d’Strofprozessuerdnung ageschriwwe ginn :

« Art. 4-1. (3) [La victime] est informée d’office du classement sans suite et de son motif, et, sur demande, de la mise à l’instruction, ainsi que des actes de fixation devant les juridictions de jugement.

La victime reçoit également sur demande :

– des informations sur l’état de la procédure pénale sauf si cette notification est de nature à nuire au bon déroulement de l’affaire ;

des informations sur toute décision définitive sur l’action publique. »

Am Artikel 23, Paragraphen (4) a (5) vum selweschte Kodex steet weider ze liesen :

« (4) Le procureur d’Etat avise dans les dix-huit mois de la réception de la plainte ou de la dénonciation, la victime des suites qu’il donne à l’affaire y compris, le cas échéant, du classement de l’affaire et du motif sous-jacent.

(5) Lorsque l’affaire est classée, l’avis précise les conditions dans lesquelles la victime peut engager les poursuites par voie de citation directe ou de plainte avec constitution de partie civile. Lorsque les peines encourues de par la loi, au titre des faits, sont des peines criminelles ou des peines correctionnelles, l’avis comporte l’information que la victime peut s’adresser au procureur général d’Etat qui a le droit d’enjoindre au procureur d’Etat d’engager des poursuites. »

Aktuell besteet laut Strofprozessuerdnung keng Informatiounsflicht vis-à-vis vun engem presuméierten Täter.

Och eng Persoun, déi ee Virfall denoncéiert huet, awer net d’Qualitéit vun engem Affer huet, muss net informéiert ginn iwwer d’Suitten vun senger Denonciatioun.

Mir wéilten duerfir folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen :

  1. Wéi bewäert d’Madamm Ministesch den Ëmstand, dass e presuméierten Täter net iwwer d’Astellung vun engem Strofverfahren (classement sans suite) géint seng Persoun muss informéiert ginn ?

 

  1. Och wa keng Flicht besteet, kann d’Madamm Ministesch eis informéieren, ob de Parquet dat net awer, motu proprio, mécht ?

 

Gëtt et eng Note de service säitens dem Parquet, wéi den Informatiounsfloss a sou engem Fall ofzelafen huet ?

 

Kann d’Madamm Ministesch eis Detailer dovunner matdeelen ?

 

  1. Sollt dat net de Fall sinn, ass d’Madamm Ministesch net der Meenung, dass e presuméierten Täter misst iwwer e Classement sans suite informéiert ginn ?

 

  1. Ass d’Madamm Ministesch net och der Meenung, dass e sougenannten Denunziant iwwer de Stand vun den Ermëttlungen informéiert misst ginn oder zumindest dann informéiert gëtt, wann eng Affär ouni Suitten klasséiert gëtt ?

 

Ginn et an dësem Fall Instruktiounen säitens der Hierarchie vum Parquet wéi déi Informatioun ze geschéien huet ?

 

Kann d’Madamm Ministesch eis dozou Detailer liwweren ?

 

  1. Ass d’Madamm Justizministesch gewëllt eng Informatiounsflicht vis-à-vis vum presuméierten Täter respektiv vum Denunziant an d’Strofprozessuerdnung aschreiwen ze loossen ?

 

Falls net, wéi eng Argumenter schwätzen géint sou eng Upassung ?

  1. Wéi a wéini gëtt d’Police iwwer sou e Classement sans suite informéiert ?

Mat déifstem Respekt,

Gilles Roth

Deputéierten

Laurent Mosar

Deputéierten

 

Zréck