Wéi ass d’Positioun vun der Regierung dozou datt déi franséisch „Haute autorité de santé”  elo just recommandéiert huet, datt Persounen déi scho mam Covid-19 infizéiert waren, just eng Dosis vum Vaccin solle kréien ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Déi franséisch „Haute autorité de santé”  huet elo just recommandéiert datt Persounen déi scho mam Covid-19 infizéiert waren, just eng Dosis vum Vaccin solle kréien. An de leschten Deeg war dës Méiglechkeet an enger Rei vu wëssenschaftlechen Etüden aus den USA an Italien a Betruecht gezu ginn. Déi franséisch Regierung huet nach net op d’Recommandatioun reagéiert, awer am Prinzip befollegt si den Avis vun der Haute autorité de santé.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass d’Regierung iwwer dës Recommandatioun informéiert, resp. wousst se datt esou Etüden um lafe sinn?
  2. Ass d’Regierung am Austausch mat de franséischen Autoritéiten iwwer dëse Sujet?
  3. Wéi ass der Regierung hir Positioun par Rapport zu dem Virschlag?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen        Jean-Marie Halsdorf     Claude Wiseler

Deputéiert                  Deputéierten                 Deputéierten

Zréck