Wéi wäit ass den Aarbechtsgrupp mat sengen Aarbechten wat déi geplangt Legaliséierung vum rekreative Cannabis ugeet ?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Gesondheetsminister an un d’Madamm Justizminister weider ze leeden.

Am Kader vun der geplangter Legaliséierung vum rekreative Cannabis, schafft mëttlerweil säit 2 Joer en Aarbechtsgrupp vu Leit aus dem Gesondheetsministère an dem Justizministère un de groussen Axe vum Text an awer och um ganze Volet vun der Preventioun, der Sucht  an der Educatioun, déi domat anhier ginn.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi wäit ass den Aarbechtsgrupp mat sengen Aarbechten? Ginn et éischt Conclusiounen?
  2. Sinn d’Police an d’Justizautoritéiten och an den Aarbechte vum Groupe de Travail mat agebonne resp. sinn si ëm Avis gefrot ginn?
  3. Wann nee, fir wat net?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                       Claude Wiseler

Deputéierten                         Deputéierten

Zréck