Wei vill Baueren a Wënzer hunn hire Spretzpass virum 1. Januar 2021 erneiere gelooss?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

Fir Pflanzeschutzmettel kennen ze kafe respektiv auszebrénge muss een a Besetz vun engem spezifesche Spretzpass sinn. Duerch déi nei Reglementatioun iwwert Pflanzeschutzmettel aus dem Joer 2017 ass de Spretzpass vum 1. Januar 2021 un obligatoresch. Bis den 1. Januar 2021 konnte Baueren a Wënzer hier “al” Spretzpass erneiere loosse mat enger Gëltegkeetsdauer bis den 31. Dezember 2027. No dem 1. Januar 2021 kritt all Bauer a Wënzer den Urecht op de Spretzpass huet dësen och ausgestallt nodeems hien een theoretesche Cours beluecht huet.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Sinn Baueren a Wënzer am Virfeld vun dësen Ännerungen iwwert déi nei Modalitéite perséinlech informéiert ginn?
  • Wa jo, wei huet des Informatioun ausgesinn?
  • Wa neen, firwat net?
  • Wei vill Baueren a Wënzer hunn hire Spretzpass virum 1. Januar 2021 erneiere gelooss?
  • Ass eng speziell Prozedur fir déi Baueren a Wënzer virgesinn, déi virum dem Stéchdatum vum 1. Januar 2021 a Besetz vun engem Spretzpass waren, awer net drugeduecht hunn hire Spretzpass bis dohinner ze erneieren?
  • Wa jo, wei gesäit des Prozedur aus?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck