D’WHO huet festgestallt datt en Intervall tëscht 4 an 12 Wochen d’Vaccine méi effikass mécht. Wat ass d’Positioun vun der Regierung hei zou?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Bei den aktuellen Anti-Covid-Impfungen zu Lëtzebuerg verginn tëscht der éischter an der zweeter Impfung exakt 3 Wochen, esou wéi de Gros vun de Produzenten et virschreiwen. An hire rezente Recommandatioune stellt d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) awer fest datt en Intervall tëscht 4 an 12 Wochen d’Vaccine méi effikass mécht.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Kennt d’Madamm Minister dës Recommandatioune vun der WHO?
  2. Wa jo, wäerten se en Afloss op d‘Impfcampagne zu Lëtzebuerg hunn?
  3. Wann nee, fir wat wëll d’Regierung dëse Recommandatiounen net Rechnung droen?
  4. Wann d’Regierung deem géif Rechnung droen, hätt dat evtl. en Afloss op d’Tatsaach datt mir déi 2. Dosis reservéieren?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten

Zréck