Questions parlementaires

Wéi vill Employéen vu Liberty Steel sinn am Chômage partiell an zënter wéini ? 

Op de CCP vun der POST waren 2020 3 Milliarden Euro. Dat ass problematesch fir d’POST déi dorop negativ Interêten bezuele muss. Wat gedenkt d’Regierung hei ze ënnerhuelen fir der POST ze hëllefen ?

Wéi vill Gemengen hunn een Avis zu der Reorganisatioun vum RGTR-Reseau un de Ministère weider ginn ?

Konnt d’Regierung feststellen datt d’Kanner an d’Jugendlech méi oft feelen an der Schoul an datt d’schoulesch Leeschtungen gelidden hun/leiden par Rapport zur Pré-Covidzäit ?

Gedenkt d’Ministesch als Mediateur ze agéiere fir dass eise kulturellen an natierleche Patrimoine besser kënne koexistéieren? Wann jo wéi?

Wier et net sënnvoll datt vulnerabel Leit déi geimpft sinn, systematesch an DBS-Tester geruff gi fir ze kontrolléieren ob si eng Immunitéit opgebaut hunn ?

Wéi vill obdachlos Jugendlecher ginn et momentan zu Lëtzebuerg ? Wéi gëtt probéiert dës vun der Strooss erofzehuelen an hinnen ze hëllefen zréck an d’Schoul/Ausbildung ze kommen ?

Wéi ass der Regierung hier Positioun géigeniwwer dem Aktiounsplang deen d’EU ugekënnegt huet an deen virgesäit, datt Wënzer den Alkoholgehalt vun hirem Wäin mat Waasser verréngeren däerfen ?

Firwat ginn d´AgentInnen an der Fonction publique net alleguer fräigestallt fir sech impfen ze loossen?

Am Bausecteur ginn d’Präisser vun de Materialien aktuell staark an d’Luucht an domat och d’Präisser fir grouss Bauprojeten an de Gemengen. Huet den Inneministère wëlles d’Gemengen hei mat Subsiden ze ënnerstëtzen ?