Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung par Rapport zu enger signifikanter Reduktioun vun der Offer vu Kuerzstreckeflich ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

Den EU-Klimakommissär Frans Timmermans huet sech dëser Deeg géint Kuerzstreckeflich ausgeschwat. Bei Strecken vun ënner 600 a bis 800 Kilometer soll et net méi sënnvoll sinn, de Fliger ze huelen, well et méi laang géif daueren. D’Kuerzstreckeflich sollen awer net duerch e Verbuet ofgeschaaft ginn, sou den Vizepresident vun der EU-Kommissioun weider, mee d’Attraktivitéit vun der Eisebunn als Laangstrecke-Verkéiersmëttel soll verbessert ginn. Doriwwer eraus fënnt den Här Timmermans, dass de Kerosin sou soll besteiert ginn, wéi déi aner Carburanten och.

An dësem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen :

  • Sinn déi europäesch Transportministeren respektiv déi eenzel national Ministere vum EU-Klimakommissär zu dësem Thema consultéiert ginn ?
  • Wa jo, wéi eng alternativ Ubannunge proposéiert den Här Timmermans op de sougenannte Fliger-Kuurzstrecken fir Lëtzebuerg – wëssend, dass d’Verbindunge mat Däitschland a mat der Belsch net zefriddestellend sinn an dass et keen Nuetszuch gëtt, deen iwwer Lëtzebuerg verleeft ?
  • Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung par Rapport zu enger signifikanter Reduktioun vun der Offer vu Kuerzstreckeflich ?
  • Wéi eng Initiative gedenkt d’Regierung ze huelen, fir Lëtzebuerg als Zwëschestopp fir international Nuetszich interessant ze maachen ? An dësem Kontext sief un e Projet fir en Nuetszuch vu Bréissel a Richtung Südfrankräich mat Perpignan als Terminus erënnert, dee vum Fréijoer 2022 u soll fueren – allerdéngs laanscht Lëtzebuerg.
  • Wéi wëll den Här Mobilitéitsminister generell d’Attraktivitéit vun der Eisebunn als Alternativ zum Fliger oder zum Auto op gréissere Strecken an d’Luucht setzen ?
  • Wéi eng Auswierkungen hätte manner Kuerzstreckeflich fir de Lëtzebuerger Flughafen am Allgemengen a fir d’Luxair am Besonneschen ? Wéi staark wier de finanziellen Impakt vun enger Kerosin-Besteierung op hir Viabilitéit ?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Serge Wilmes                                                               Octavie Modert

Deputéierten                                                              Deputéiert

Zréck