Wat hält d’Regierung vum éisträichesche Projet «Alles gurgelt», mat deem jiddereen, deen zu Wien wunnt a schafft d’Méiglechkeet kritt sech Doheem via en PCR-Gurgeltest gratis op de Covid-19 ze testen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Mam Projet «Alles gurgelt» (https://allesgurgelt.at), kritt jiddereen deen zu Wien wunnt a schafft d’Méiglechkeet sech Doheem via en PCR-Gurgeltest gratis op de Covid-19 ze testen. Un Hand vun engem Barcod kënnen dës Persounen sech 4 där Test-Set’en siche goen, d’Tester Doheem duerchféieren an se dann bei enger bestëmmtener Liewensmëttel-an-Drogerie-Fililal ofginn. D’Resultat erhaelt een ënnerhalb vun 24 Stonnen per E-mail. Dës gratis Initiativ erméiglecht de Leit Strukturen ze betrieden vir déi een momentan nach e negatiivt Testresultat brauch.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wat hält d’Regierung vum éisträichesche Projet «Alles gurgelt», mat deem jiddereen, deen zu Wien wunnt a schafft d’Méiglechkeet kritt sech Doheem via en PCR-Gurgeltest gratis op de Covid-19 ze testen ?
  • Huet d’Regierung vir dës Initiativ och zu Lëtzebuerg emzesëtzen ? Wa jo, wéi kënnt dëse Projet ausgesinn ? Wann nee, aus wéi engem Grond ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Gilles Roth
Deputéierten

Zréck