Ass Regierung gewellt den Ubau vu Cannabis fir medezineschem Zwecker hei am Land zouzeloossen a Produktioun ze ënnerstëtzen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch un Madamm Gesondheetsminister an un den Här Landwirtschaftsminister Iweider ze leeden.

Den Industrie-Hanf ass eng Notz-Planz aus där een ënnerschiddlech Produite kann hierstellen. Zënter méi wei 25 Joer gëtt den Hanf och zu Lëtzebuerg ugebaut. Et gëtt och Cannabidiol – CBD – aus de Bléie vum Hanf produzéiert deem ënnert anerem eng entzündungshemmend Wierkung nogesot gëtt. De CBD gëtt vill an Drëpseform genotzt. Wat de CBD méi konzentreiert ass wat och den THC-Gehalt am Produit méi eropgeet. Sou duerf den erlaabten THC-Gehalt an engem CBD-Produkt just 0,3 Prozent duerstellen, an anere Länner wei der Schwäiz läit dëse Wäert bei 1 Prozent. Duerch dësen niddrege Grenzwäert kenne verschidde Produite bei eis am Land net produzéiert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Regierung stellen

  • Ass virgesinn de gesetzlech virgeschriwwene  CBD-Gehalt an engem Produit an d’Lut ze setzen? Wa nee firwat net?

Um Niveau vum medezineschem Cannabis, wou de Staat 2018 e Pilotprojet lancéiert huet, gëtt de Cannabis a Kanada akaaft. Laut mengen Informatioune wier et awer méiglech de Cannabis fir medezinesch Zwecker och zu Lëtzebuerg unzebauen an hierzestellen. Gutt geeegent fir den Ubau wieren ënnert anerem och Waasserschutzzonen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Regierung stellen

  • Ass Regierung gewellt den Ubau vu Cannabis fir medezineschem Zwecker hei am Land zouzeloossen a Produktioun ze ënnerstëtzen?
  • Wei steet Regierung dem Ubau vu medezinesche Cannabis a Waasserschutzzone géigeniwwer?

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck