Déi rezent Hausse vun Ustiechungen mam Covid-19 am Sportslycée, ass op e puer positiv Fäll an enger Sportsdisziplin zréckzeféieren. Kann d’Regierung matdeelen em wéi eng Sportsdisziplin an em wéi vill Fäll et sech heibäi handelt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro betreffend der sanitärer Situatioun am Sportslycée un d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Sportsminister weider ze leeden.

D’Schüler aus dem Sportslycée kruten an engem Schreiwes matgedeelt datt säit der Ouschtervakanz 17 Schüler an 1 Enseignant positiv op de Covid-19 getest gi sinn. 5 Klassen wieren an den Zenario 1 gesat ginn, 1 an de Zenario 2 an nach eng aner an de Zenario 3.

Esou wéi et weider aus dem Bréif ervir geet wier d’Origine vun dëser rezenter Hausse vun Ustiechungen mam Covid-19 am Sportslycée, e puer positiv Fäll an enger Sportsdisziplin gewiescht.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen em wéi eng Sportsdisziplin an em wéi vill Fäll et sech heibäi handelt ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp
Deputéiert

Zréck