Wëssend datt d’EU Sanktiounen géint Belarus verhaangen huet vir dësen inakzeptabelen Akt ze contréieren, wat gëtt genau ënnerholl vir d’Liberatioun vum Roman Protasevich ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aussen- an Europaminister weiderzeleeden.

 

Den 23. Mee 2021, huet Wäissrussland den Ryanair-Flug FR4978 deen vun Athen op Vilnius sollt fléien, zu enger Ëmleedung gezwongen vir zu Minsk ze landen. Dëst, vir den Journalist a Blogger Roman Protasevich, Grënner vun engem Messaging-App Kanal, deen en wichtegen Informatiounskanal fir Géigner vum Alexander Lukaschenko, dem autoritären President vu Belarus duerstellt, fest ze huelen. Eng Dot déi ënner anerem vun der Europäescher Unioun, USA a Groussbritannien verurteelt gëtt. An deem Kontext huet d’EU sech wärend engem Sommet vir Sanktiounen géint Wäissrussland ausgesprach. Konten vun Persounen an Entreprisen sinn dorops hin blockéiert ginn, en EU-Areesverbueter géint verschidde Persounen, ënnert aneren dem Alexander Lukaschenko, gouf verhaangen an e Flug-a-Landverbuet géint wäissrussesch Fluggesellschaften gouf decidéiert.

 

An dësem Kontext wëlle mir folgend Fro un d’Regierung stellen:

  • Wëssend datt d’EU Sanktiounen géint Belarus verhaangen huet vir dësen inakzeptabelen Akt ze contréieren, wat gëtt genau ënnerholl vir d’Liberatioun vum Roman Protasevich ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar Claude Wiseler
Deputéierten Deputéierten

 

Zréck