D’Memberstaaten vun der Europäescher Unioun an dat Europäescht Parlament hunn sech op ee Covid-19-Zertifikat gëeenegt. Wéi gedenkt d’Regierung innepolitesch op déi europäesch Eenegung ze reagéieren? Wéi gesinn déi konkret Mesuren an d’Zäitrumm an dem Kontext aus?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

D’Memberstaaten vun der Europäescher Unioun an dat Europäescht Parlament hunn sech op ee Covid-19-Zertifikat gëeenegt. Dat huet déi portugisesch Rotsprésidence en Donneschdeg matgedeelt.

Et schéngt sech hei em ee Kompromëss ze handelen, bei dem net an Hoheitsrechter vun de jeeweilege Memberstaaten agegraff gëtt. Och den Zäitpunkt vun der Aféierung ass nach onkloer. Däitschland schwätzt zum Beispill vun engem elektroneschen „Impfnachweis“ an dat „in der zweiten Hälfte des zweiten Quartals“.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wat ass aus Lëtzebuerger Siicht genee d’Beschlosslag vum uewe genannte Kompromëss a Saache Covid-19-Zertifikat?
  2. Wat fir Konsequenzen huet dëse Beschloss elo fir Lëtzebuerg a fir d’Leit, déi hei wunnen a schaffen?
  3. Wéi gedenkt d’Regierung innepolitesch op déi europäesch Eenegung ze reagéieren? Wéi gesinn déi konkret Mesuren an d’Zäitrumm an dem Kontext aus?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                Viviane Reding         Laurent Mosar

          Deputéiert                      Deputéitert                        Deputéierten

 

Zréck