Virum Hannergrond vun dësen Meenungsdivergenzen wat d’Grondsteier betrëfft, kann den Här Premierminister eis informéieren wat elo am steierpoliteschen Beräich geschitt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weiderzeleeden.

Den Här Finanzminister sot an engem Interview den 24 Mee 2021 datt am Kader vun der neier Steierreform, d’Viraarbecht vun der Grondsteier bal fäerdeg wier, se misst elo just nach mat de Plans d’Aménagement Général verbonnen ginn an ob den Taux misst ee sech elo nach eenegen.

Den Här Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft huet virun 2 Wochen an engem Interview mam «d’Lëtzebuerger Land» annoncéiert datt d’Grondsteier d’Logementskris net géing léisen. De Gedanken datt Grondsteier d’Zeréckhaalen vun Bauland géing vermeide, wier eng «logique totalement folle». D’Besteierung misst dann net nëmmen zéng Mol mee honnert Mol méi héich sinn wéi se haut ass.

 

An dësem Kontext wëlle mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Virum Hannergrond vun dësen Meenungsdivergenzen wat d’Grondsteier betrëfft, kann den Här Premierminister eis informéieren wat elo am steierpoliteschen Beräich geschitt ?
  • Vu datt d’Viraarbecht betreffend der Grondsteier laut dem Här Finanzminister bal fäerdeg, wéini soll d’Grondsteier kommen a wat kéint den Taux sinn ?
  • Vu datt d’Grondsteier och d’Gemengen betrëfft, sinn dës och consultéiert ginn, respektiv an d’Diskussiounen mat agebonnen ginn ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar Marc Spautz
Deputéierten Deputéierten

 

Zréck