Questions parlementaires

Stëmmt et datt Patienten déi Covid positiv sinn an dann eng Invitatioun fir hir Covid-Impfung kréien, oft ënnerschiddlech Informatioune vun hiren Doktere an op der Santé-Hotline kréien ?

Wéi wäerten d’Schnelltester agesat ginn fir no an no weider Ouverturen ze erméiglechen ?

Wéi sollen d’Schnelltester fir selwer ze maachen an Zukunft an de Strukture fir eeler a vulnerabel Leit agesat ginn?

Wat sinn d’Grënn dofir, datt d’Regierung d’Projeten Contournement Ettelbréck – Feulen, respektiv Feulen – Heiderscheid, net als prioritär am Plan sectorial “transport” jugéiert huet ?

Wéi vill gratis Schnelltester fir selwer ze maache kréien d’Leit zur Verfügung gestallt a wou sollen d’Leit an Zukunft dës Schnelltester maachen?

Virum Hannergrond vun der aktueller sanitärer Kris, mengt d’Regierung net datt et evident ass vir d’réserve sanitaire, zu där d’médécins-vétérinaires gehéieren, zu all Moment asazbereet ze halen, an dës an deem Sënn prioritär ze impfen ?

D’Vereenegt Staaten schwätzen dovun e minimale Steiersaz vun 28% fir Betriber anzeféieren. Mat wéi engem Taux wier eis Regierung zefridden ?

Huet d’CNPD, déi fir den Dateschutz zu Lëtzebuerg zoustänneg ass, konkret Demarchen ënnerholl wat d’Donnéeën vun den 188.00 Lëtzebuergesche Facebook Notzer déi geklaut goufen ugeet ? Wa jo, wéi eng sinn dat ?

Stëmmt et datt Impfdosissen déi vu Prisonéier refuséiert goufen, ewechgeheit an net weider verdeelt goufen ? 

Wat sinn d’Grënn dofir datt eng grouss Majoritéit vun de Prisonéier refuséiert sech impfen ze loossen ?