Wéi vill nei Posten sinn dëst Joer an der Grondschoul besat ginn? Wéi vill dovunner vun qualifizéierten Enseignant’ en? Wéi vill vun Quereinsteiger? Wéi eng Ausbildung haten des Quereinsteiger ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.

An engem Lieserbréif am Lëtzebuerger Wort vum 4. August 2021 mam Titel «Eng ausgebilte Léierin ouni Schoulstonnen» freet eng ausgebilten Grondschoulenseignante, déi sech vir d’Lëscht 2 gemellt huet, an kee Posten mat fixen Schoulstonnen krut, wisou Persoune mat Einseignants-Diplom (a mat zousätzlecher Beruffserfarung) an der Walprozedur net prioritär a Betruecht gezu ginn.

Op dëser Lëscht 2, vir déi all Persoun sech kann mellen, déi den Stage de remplacement gemaach huet oder d’Ausbildung als Quereinsteiger/in wëllt ufänken, gi Plazen ausgeschriwwen déi nach net konnte besat ginn. Am Lieserbréif beschreift d’Verfaasserin, déi eng qualifizéiert Ausbildung besetzt an zu deem eng Beruffserfarung mat bréngt, datt si keng Plaatz an enger Grondschoul kritt huet, wëll hier Choixen vu méiglechen Schoulen, deen si huet missen bei hirer Umeldung uginn, schonn all verginn waren. Op Nofro hin un wien dës Platzen gaange wieren, hätt si matgedeelt kritt datt fir d’éischt d’Chargé/e/s de cours mat engem CDI – och déi ouni Enseignantsdiplom eng Schoul wielen an dono d’Quereinsteiger/innen – och ouni dësen Diplom. Déi ausgebilt Enseignante wier esou ënnert déi Persounen gefall, déi als lescht dierfen wielen an well déi Plaze vun hirem Choix scho besat goufen, hätt si elo kéng Méiglechkeet an enger Schoul e Posten mat fixe Schoulstonnen ze kréien.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi ass d’ Prozedur fir des Lëscht 2 ze besetzen?
  • Wéi eng Virdeeler huet eng Persoun an dëser Prozedur, déi eng ofgeschlossen Ausbildung als Enseignante huet? Ass de Minister net der Meenung datt ausgebilten Enseignant’ en missten Virrang hunn?
  • Ass de Minister bereet des Prozedur un ze passen. Wann jo – wéi?
  • Wéi vill nei Posten sinn dëst Joer an der Grondschoul besat ginn? Wéi vill dovunner vun qualifizéierten Enseignant’ en? Wéi vill vun Quereinsteiger? Wéi eng Ausbildung haten des Quereinsteiger ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck