Gesäit de Kulturministère oder de Fonds pour les momuments historiques speziell finanziell Bäihëllefe vir, zousätzlech zu den allgemengen Bäihëllefe vun der Regierung fir héichwaassergeschiedegt Haiser?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Kulturminister weider ze leeden.

 

Déi rezent Iwwerschwemmungen hu besonnesch eis Duerf- a Stadkären a vill historesch Haiser a Baute getraff. Grad dës historesch an eeler Haiser prägen dacks entscheedend de Cachet vun eisen Uertschaften. Si sinn e wichtegen Deel vun eisem kulturelle Patrimoine. Si ënnerleien dacks engem nationalen oder kommunalen Schutz, oder sinn op nationalem Plang klasséiert.

 

An dësem Kontext géif ech gär folgend Froen un d’Regierung stellen:

D’Renovéierung vun historescher Bausubstanz ass nach méi eng grouss Erausfuerderung wéi déi vu rezent gebauten Haiser, an ënner den aktuellen Ëmstänn ass dëst sécher nach méi komplizéiert, well plazeweis och eng Rei vun Ännerungen an den techneschen Installatiounen virgeholl musse ginn.

 

  • Wéi gestalt sech ënner den momentanen Ëmstänn, wou grouss Deeler vum Land vum Héichwaasser betraff waren, d’Berodung an d’Begleedung vun den Zerwisser vum Ministère a besonnesch vum nationalen Denkmalschutzamt op der Plaz an un déi betraffe Mënschen, fir hinnen bäi de Renovéierungen bäizestoen a si ze beroden ?

 

  • Gesäit de Kulturministère oder de Fonds pour les momuments historiques speziell finanziell Bäihëllefe vir, zousätzlech zu den allgemengen Bäihëllefe vun der Regierung fir héichwaassergeschiedegt Haiser? Ginn déi speziell Subventiounen iwwer déi eraus, déi d’Instanze vum Kulturministère am normalen zousoen ?

 

  • Wann dat bis elo net de Fall wär, ass d’Madamm Minister net der Meenung, dat déi schwiereg Situatioun, wou vill Mënschen eng grouss finanziell Laascht ze droen hunn duerch d’Héichwaasserschied, esou eng aussergewéinlech finanziell Ënnerstëtzung verlaangt, fir esou de Betraffenen ze hëllefen, eng besonnesch Récksiicht op historesch Bausubstanz huelen ze kënnen ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déiwe Respekt unzehuelen.

 

 

Octavie Modert

Deputéiert

 

Zréck