Wat gesäit d’Regierung dans un premier temps fir, vir notamment d’ Maintenance vum informateschen System vun eisen Impfzentren ze assuréieren an ze garantéieren datt den Impfpatient e Covid-Check Zertifikat kritt mat deenen richtegen Donnéeë ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no géifen et elo schonn eng gewëssen Zäit Probleemer mat der Informatik vun den Impfzentren ginn.

An deem Sënn géing den Accès via Luxtrust op den MSVAC (Programm fir d’Impfungen anzedroen an ze späicheren) mindestens 2-3 Mol an der Woch net funktionéieren. Dëst géing matt sech bréngen datt d’Impfungen net kënnen ofgespäichert ginn, an datt eng Procédure Papier muss gemaach ginn, déi net nëmmen eng grouss Feelerquell (falsche Numm, falsch CNS Nummer asw.) bedeite kann, mee och vill méi Zäit pro Patient hëlt, wouduerch d’file d’attente méi grouss gëtt, an d’Rendez-vous’en net méi agehale kenne ginn. Eng weider Konsequenz wier datt den Impfpatient zudeem kee Covid-Check Zertifikat no senger Impfung méi kritt.

En zousätzleche Probleem wier datt de Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE), dee Samschdes déi informatesch Maintenance mécht, dës net kéint assuréieren vu datt d’Impfzentren Samschdes op hunn an soumat en « dispatching » am Zenter net méiglech wier.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Huet d’Regierung vun dësen Informatiksprobleemer Kenntnis geholl ?
  • Gesäit d’Regierung fir dës Informatiksprobleemer wat d’Organisatioun an de Fonctionnement vun eisen Impfzentren ugeet ze analyséieren vir datt séier eng Léisung fonnt gëtt, an d’Feeler soumat op deen absolutten Minimum reduzéiert ginn ?
  • Wat gesäit d’Regierung dans un premier temps fir, vir notamment d’ Maintenance vum informateschen System vun eisen Impfzentren ze assuréieren an ze garantéieren datt den Impfpatient e Covid-Check Zertifikat kritt mat deenen richtegen Donnéeë ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

 

Zréck