Kann d’Regierung eppes ënnerhuelen fir datt Persounen, déi schonns Broschtkriibs haten net méi sou laang op een Rendezvous waarden mussen ? Recommandéiert d’Regierung datt d’Patienten sollen an d’Ausland goen fir hir Mammographie ze maachen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Esou wéi mir an eiser parlamentarescher Fro n°4572 schonn vermierkt haten, goufen et scho virum Confinement ganz grouss Waardezäite fir e Rendezvous an der Mammographie ze kréien. Dës Waardezäiten sinn dun duerch d’Pandemie an duerch d’Zréckfuere vun de medezinesche Basisservicer nach verlängert ginn.

Obwuel d’Madamm Minister schonn am Februar 2020 eng Rei Mesuren ugekënnegt hat an am September nach emol drop higewisen huet datt fir Enn 2020/ Ufank 2021
weider Verbesserungen an d’Weeër geleet ginn duerch Formatioune fir Sekretärinne vu Klinicke resp. eng Demande d’Agrément vun engem Radiolog am CHdN, sinn eisen Informatiounen no d’Waardezäite fir e Rendezvous an der Mammographie ausserhalb vum „Programme Mammographie“ weiderhin immens laang.

Laut der Madamm Gesondheetsministesch hirer Äntwert op eis Fro n°4572 géif d’Waardezäit ausserhalb vum organiséierte Mammographie-Depistage Programm tëschent 1,5 an 12 Méint leien.

Eisen Informatiounen no mussen och Leit wou schonns Broschtkriibs haten laang op een Rendezvous waarden. Am Fall vun engem Noutfall, kéint en Dokter awer kuerzfristeg e Rendezvous vir seng Patientin ufroen. D’Drénglechkeet fir e Rendezvous géing awer net vun all Dokter oder Radiolog d’selwecht ugesi ginn.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datten Persounen déi schonns Broschtkriibs haten laang op een Rendezvous waarden missten/mussen ?
  • Falls jo, wat gesäit d’Regierung vir dogéint ze ënnerhuelen, wëssend datt et wichteg ass Persounen déi eng Virgeschicht mat Broschtkriibs hunn, a reegelméissegen Ofstänn ze ënnersichen ? Aus wéi engem Grond mussen dës Patientinnen esou laang waarden, wëssend datt bis elo net vun engem Mangel un Apparater geschwat ginn ass ?
  • Wéi ginn d‘ Prioritéiten bei der Rendezvous Verdeelung gesat?
  • Sollt een net méi kloer definéieren wat en Noutfall oder eng Drénglechkeet duerstellt, sou dass d’Dokteren an d’Radiologen eng alignéiert Approche kënnen huelen wat d’Verdeelung vun de Rendezvous’en un Persounen mat enger Broschtkriibsvirgeschicht ubelaangt ?
  • Wat gesäit d’Regierung vir, fir den Preventiounsprogramm méi effikass ze maachen ?
  • Wann d’ Waardezäiten laang sinn, ginn dann och Recommandatiounen gemaach datt d’ Patienten sollen an d‘ Ausland goen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen Françoise Hetto-Gaasch

 

Deputéiert

 

Zréck