Wat ass der Regierung hier Strategie wat d’Handhabung vun den periméierten oder bal periméierten Impfdosen ubelaangt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Esou wéi et aus diversen Medien ervirgeet géifen ëmmer méi Länner Impfstoffer zerstéieren, des op Grond vun enger méi niddereg Nofro an begrenzter Halbarkeet. Elleng an Bayern, Däitschland wieren deemno eng ronn 53 000 Impfstoff-Dosen ewechgehäit ginn well dës ofgelaf waren. Et géif sech bei der Majoritéit vun deenen Dosen em den Impfstoff vun Astrazeneca handelen. An Litauen wieren laut engem Artikel op euractiv.fr deemno 20 000 Impfstoff-Dosen ofgelaf gewiescht an aus deem Grond ewechgeheit ginn. An Polen wieren et der 73 000. Frankräich estiméiert 50 000 Dosen Vaxzevria opgrond vun Peremptioun ewechgeheit ze hunn, wat d’Vaccin’en Comirnaty, Spikevax et Janssen (Johnson & Johnson) uginn hätt een bis dato keng genau Zuelen. Aner Länner, ewéi Rumänien hätten déi ofgelafen Impfstoffer net ewechgehäit mat der Hoffnung datt den Hiersteller respektiv d’Agence européenne des médicaments (EMA) eng eventuell Verlängerung vun der Validitéitsphase annoncéiert. Eng Mesure vir déi d’Organisation mondiale de la santé (OMS) bis dato net favorabel wier.

En Porte-Parole vun der europäescher Kommissioun hätt vermierkt datt d’Gestioun vun den Impfstoffer vun all Memberland selwer assuréiert gëtt an soumat keen mécanisme de surveillance op EU-Level en place wier betreffend der Peremptioun vun den Vaccin’en.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen wéi vill Impfstoff-Dosen bis dato ofgelaf sinn, an wéi vill dovun ewechgehäit gi sinn ?
    • Wéi vill vun dësen ewechgehäitenen Dosen sinn Astrazeneca, Biontech Pfizer, Johnson & Johnson an Moderna ?
  • Ass d’Nofro betreffend den Covid-19 Impfstoffer erofgaangen par rapport zu de leschte Wochen ?
  • Wat ass der Regierung hier Strategie wat d’Handhabung vun den periméierten oder bal periméierten Dosen ubelaangt ?
    • Gin déi Dosen déi just virum Verfallsdatum stinn prioritär versprëtzt?
    • Ginn déi ofgelafen Dosen gehalen wéi an Rumänien oder ginn se zerstéiert an ewechgehäit ?
    • Ginn déi Dosen déi probabel sinn ofzelafen un Länner gespent déi e Mangel un Impfstoff hunn, dëst z.B. am Kader vun der weltwäiter Initiativ COVAX (COVID-19 Vaccines Global Access)?
    • Falls jo, an wëssend datt den Fonctionnement vu COVAX Schwächen opweist, ewéi notamment Finanzement- an Leadershipkomplikatiounen, ewéi och Probleemer bei der Liwwerung a beim Stockage vun den Impfstoffer, gëtt opgepasst datt op kee Fall ofgelafen Dosen gespent ginn, respektiv datt dës nach benotzbar sinn, wa se am Zilland ukommen ?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck