Wéi ass d’Prise en charge vun Hannerbliwwenen bei der Police organiséiert ? Iwwer wéi eng Dauer hunn Hannerbliwwener « Recht » op dës Prise en charge ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

 

An engem Bäitrag op RTL gouf e Virfall, dee sech virun 3 an engem halwer Joer zu Lausduer zougedroen huet a bei deem, ee Polizist ëm d’Liewe koum, an eng Polizistin liewensgeféierlech blesséiert gouf, opgeschafft.

 

Am Reportage gëtt e.a. drop verwisen, dass et innerhalb vun der Arméi ee Service gëtt, dee sech ëm déi Hannerbliwwen vun sou trageschen Accidenter, këmmert. Eppes wat et aktuell an der Police an där Form net géif ginn.

 

Ech wéilt duerfir folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen :

 

  • Kann den Här Minister dës Informatiounen confirméieren ?
  • Wéi ass d’Prise en charge vun Hannerbliwwenen bei der Police organiséiert ? Iwwer wéi eng Dauer hunn Hannerbliwwener « Recht » op dës Prise en charge ?
  • Plangt d’Regierung den Hannerbliwwenen ee spezielle Service, ggf. innerhalb vun der Police respektiv administratiouns- a serviceiwwergräifend, zur Säit ze stellen ? A wa jo, a wéi engem Zäithorizont ?

 

Mat déifstem Respekt,

Léon Gloden
Deputéierten

Zréck