Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 113 Questions parlementaires 17 Mee '21 Gedenkt d’Ministesch als Mediateur ze agéiere fir dass eise kulturellen an natierleche Patrimoine besser kënne koexistéieren? Wann jo wéi? 12 Mee '21 Wier et net sënnvoll datt vulnerabel Leit déi geimpft sinn, systematesch an DBS-Tester geruff gi fir ze kontrolléieren ob si eng Immunitéit opgebaut hunn ? 11 Mee '21 Wéi vill obdachlos Jugendlecher ginn et momentan zu Lëtzebuerg ? Wéi gëtt probéiert dës vun der Strooss erofzehuelen an hinnen ze hëllefen zréck an d’Schoul/Ausbildung ze kommen ? 11 Mee '21 Wéi ass der Regierung hier Positioun géigeniwwer dem Aktiounsplang deen d’EU ugekënnegt huet an deen virgesäit, datt Wënzer den Alkoholgehalt vun hirem Wäin mat Waasser verréngeren däerfen ? 10 Mee '21 Firwat ginn d´AgentInnen an der Fonction publique net alleguer fräigestallt fir sech impfen ze loossen? 07 Mee '21 Am Bausecteur ginn d’Präisser vun de Materialien aktuell staark an d’Luucht an domat och d’Präisser fir grouss Bauprojeten an de Gemengen. Huet den Inneministère wëlles d’Gemengen hei mat Subsiden ze ënnerstëtzen ? 07 Mee '21 Ass d’Lëtzebuerger Regierung da gewëllt, mat eisen däitschen Nopere gläichzezéien an och hei am Land eng Prioriséierung vun de Policebeamten bei der Impfstrategie anzeféieren? 07 Mee '21 Huet d’Regierung wëlles Ressourcen ze mobiliséieren fir méi Aarbechtsdokteren anzestellen ? 06 Mee '21 Wann een dovun ausgeet datt d’Hausdéiere virum Staupe-Virus geschützt sinn, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir ze verhënneren datt e groussen Deel vun der Fuusspopulatioun qualvoll um Staupe-Virus stierft? 06 Mee '21 Gesäit de Minister vir, dass national a regional Vëlosweeër an Zukunft zesummegeluescht ginn? 110111112113114115116