Kéint d’Regierung sech virstelle Leit ouni genuch Antikierper, systematesch eng drëtte Kéier ze impfen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Trotz den Impfunge géint de Covid-19 wäert d’Pandemie eis nach eng Zäit laang beschäftegen, dëst och duerch déi verschidde Varianten. Lescht Woch gouf annoncéiert datt zu Lëtzebuerg keng allgemeng 3. Impfung fir de Moment virgesinn ass, mee dës just bei vulnerabele Leit soll gemaach ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt et elo interessant wier eng Campagne vun enger Antikierper-Analys ze lancéieren, fir ze iwwerpréiwe wéi ee Pourcentage vun eiser Populatioun genuch géint de Virus geschützt ass ?
  • Wa jo, wéini soll dës Campagne lancéiert ginn ?
  • Wann nee, aus wéi enge Grënn ?
  • Kéint d’Regierung sech virstelle Leit ouni genuch Antikierper, systematesch eng drëtte Kéier ze impfen ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

 

Zréck