Wéi gedenkt d’Regierung virzegoe fir déi Alterskategorië mat den niddregsten Impftauxe verstäerkt unzespriechen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

D’Madamm Minister huet lescht Woch annoncéiert datt ronn 67,5% vun de Leit iwwer 12 Joer hei am Land e komplett Impfschema hunn, mee datt awer nach Efforte misste gemaach gi fir d’Alterskategorie vun den 12-40jährege fir d’Necessitéit vun der Impfung ze sensibiliséieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Madamm Minister mir Statistike ginn zu den Impfunge jee no Alterskategorie?
  2. Wéi gedenkt d’Regierung virzegoe fir déi Alterskategorië mat den niddregsten Impftauxe verstäerkt unzespriechen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Zréck