Wéi ass déi aktuell Auslaaschtung vun de bestoende Vakanzen-Better an den Alters- a Fleegeheemer?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun weider ze leeden.

An der Vakanzenzäit stellt sech ëmmer erëm d’Fro no de sougenannte Vakanzen-Better fir fleegebedierfteg Leit déi normalerweis doheem vun engem Familljemember betreit ginn. Dës Leit leeschten eng ganz wäertvoll Aarbecht, awer och si brauchen emol eng Paus an eng Vakanz.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Madamm Minister stellen:

  • Wéi ass déi aktuell Auslaaschtung vun de bestoende Vakanzen-Better an den Alters- a Fleegeheemer?
  • Wéi vill Aidants informels ginn et zu Lëtzebuerg a wéi laang betreien dës an der Moyenne e Familljemember?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck