Ass geplangt datt den Impfbus an den nächste Wochen och nach emol am Norden Halt mécht ? Wann nee, aus wéi enge Grënn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Den Impfbus huet an de leschte Woche vill Succès kannt an eng ganz Rei Leit hunn sech op engem vun den Events wou de Bus present war, impfe gelooss. Och an den nächsten Deeg ass de Bus erëm uechter d’Land ënnerwee. Et muss een allerdéngs feststellen datt d’Leit net an alle Regioune vun dësem flotte Service profitéiere kënne well et keen Halt am Norde vum Grand-Duché gëtt.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi gëtt den Tour vum Impfbus festgeluecht ?
  2. Ass geplangt datt den Impfbus an den nächste Wochen och nach emol am Norden Halt mécht ?
  3. Wann nee, aus wéi enge Grënn ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck