Äntwert op eis Fro zur Schoulrentrée: Ass de Covid-Check-Regime fir d’Schouljoer 2021/2022 geplangt fir déi, déi net kënnen oder net wëlle geimpft ginn ?

Gemeinsam Äntwert vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun der Gesondheetsministesch op d’parlamentaresch Fro Nr. 4871 vun der honorabeler Deputéierte Martine Hansen

Ad 1)

Mat der Direction de la Santé ass am Juli zesummen zeréckbehale ginn, fir d’Evolutioun vun den lnfektiounszuelen iwwer de Summer ofzewaarden an de 27. August eng Propos fir eventuell Adaptatiounen um sanitare Konzept fir d’Schoule virzeleeën. Dëst fir sécherzestellen, datt déi sanitar Mesüren adaptéiert un déi aktuell Situatioun sinn. Den 30. an 31. August si Konsultatiounsgespréicher mat de Schoulpartner virgesinn, deenen hire Feedback waert mat opgeholl ginn. Wann sech legislativ Adaptatiounen imposéieren, waerten dës vum Regierungsrot an senger Sëtzung vum 1. September decidéiert ginn.

De sanitairen Dispositif wäert awer waitgeeënd an der Kontinuitéit vun dem besteeënde Stufemodell stoen, deen sech bis elo an der Bekämpfung vun der Pandemie bewäert huet.

Ad 2)

De Stufeplang zeechent sech grad doduerch aus, datt en d’Méiglechkeet bitt, fir permanent d’Mesüre fir d’Bekämpfung vum Covid-19 un déi sanitär Situatioun an de Schoulen unzepassen. D’lntegratioun vun neie Komponenten an de Stufeplang wäerten net ouni eng Decisioun vum Regierungsrot an am Fall vu legislativen Adaptatioune vun dem Parlament méiglech sinn.

Ad 3)

De Covid-Check ass en Instrument, fir Persounen den Accès zu enger bestëmmtener Prestatioun ze erméiglechen ënnert der Viraussetzung, datt si geimpft, getest oder geheelt sinn. Et sinn dobai zwou Saachen ze bedenken: Zum enge gëllt fir d’Schoul déi allgemeng Schoulflicht, an zum aneren hunn nach net  all déi Jugendlech tëscht 12 an 18 Joer vun enger kompletter  lmpfoffer kënne profitéieren. Fir d’Kanner ënner 12 Joer gëtt et nach keen zougeloossenen lmpfstoff. Dofir envisagéiert den Educatiounsministère am Moment net d’Applicatioun vum Covid-Check-Regime fir den allgemengen Zougang zu der Educatioun.

Aktuell gëtt awer iwwerpréift, op de Covid-Check-Regime zu engem Element vum Stufeplang kéint ginn, deen zum Asaz kënnt, wann et lnfektiounen innerhalb vun engem Grupp gëtt.

Ad4)

D’Antwert op dës Fro ergëtt sech aus der Äntwert op d’Fro 3. Wann eng Decisioun par rapport zu engem méiglechen Asaz vum Covid-Check-Regime getraff ass, gëtt d’Ëmsetzung mat de jeeweilegen Direktiounen virbereet.

Ad 5) a 6)

Bis elo gouf et bei de Schüler an den Elteren eng grouss Akzeptanz vun de fraiwëllege Mesüren an och vum Stufeplang. Duerfir bleift et bei der Positioun, Elteren a Schüler iwwer den Dispositif opzeklären a si doriwwer ze sensibiliséieren, wei wichteg hir fraiwëlleg Participatioun ass.

Ad 7)

D’Situatioun vun der Pandemie gëtt kontinuéierlech evaluéiert. Et ass haut ze fréi fir ze decidéieren, wat déi adequat Mesüren no Allerhellege wieren.

 

Hei fannt Dir nach eng Kéier eis Fro:

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech Fro un den Här Educatiounsminister an un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

An der Plenarsitzung vun der Chamber vum 15. Juli 2021 hat den Här Educatiounsminister a senger Replik op eng Motioun vun der CSV gesot, hie wéilt d’Mesuren, déi zur Schoulrentrée 2021/2022 ënner Berécksiichtegung vun der jeeweileger Covid-Situatioun eventuell en Place ze setze wieren, iwwer de Summer diskutéieren. Zwee Méint virdrun wier et ze fréi, fir kënnen ofzeschätzen, wéi d’Pandemie sech bis dohin entwéckelt hätt.

An an hirer Pressekonferenz vum 11. August sot d’Madamm Gesondheetsministesch, bei de Schüler tëscht 12 an 18 Joer wiere Schnelltester elo mol nach bis Allerhellege geplangt.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister an un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen :

  1. Wat ass den aktuelle Stand vun der Preparatioune vun de Mesure géint eng weider Verbreedung vum Covid-19-Virus fir d’Rentrée an de Schoulen?
  2. A wéi wäit gëtt de sougenannte Stufemodell fir dës Rentrée ugepasst ?
  3. Ass de Covid-Check-Regime fir d’Schouljoer 2021/2022 mat dräi Schnelltester pro Woch fir déi, déi net kënnen oder net wëlle geimpft ginn, geplangt ?
  4. Wa jo, wéi preparéieren sech d’Regionaldirektiounen am Fondamental respektiv d’Lycéesdirektiounen am Secondaire drop ?
  5. Wann nee, firwat ass de Covid-Check-Régime fir den Här Educatiounsminister weiderhi keng Optioun – wëssend, dass soss d‘ Maskeflicht an de Schoule wäert bestoe bleiwen ?
  6. Wéi plangt den Här Educatiounsminister wärend dem kommende Schouljoer mat deene Kanner am Fondamental ëmzegoen, déi net wëllen respektiv net dierfe getest ginn ?
  7. An hirer Pressekonferenz vum 11. August sot d’Madamm Gesondheetsministesch, bei de Schüler tëscht 12 an 18 Joer wiere Schnelltester nach bis Allerhellege geplangt. Wéi soll vun no der Allerhellegevakanz un an där Alterstranche vun de Schüler séchergestallt ginn, dass si net mam Virus infizéiert sinn? Wéi eng Ännerunge si geplangt?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Fraktiounspresidentin

Zréck