A Frankräich gouf e Gesetz gestemmt wouno d’Tabakindustrie fir d’Entsuergung vun Zigarettenstëmp souwéi Sensibiliséierungscampagnë soll opkommen. Wéilt d’Madamm Ëmweltministesch een diesbezüglecht Gesetz och zu Lëtzebuerg op den Instanzewee bréngen?

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Gestioun vun den Zigarettenoffäll un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Net nëmmen d’Gesondheet vun de Mënschen, mee och déi vun onser Ëmwelt gëtt direkt duerch de Konsum an déi illegal Entsuergung vu Zigaretten negativ beaflosst. Sou lant zum Beispill pro ewechgehäiten Zigarettestomp 2 bis 6 Milligramm Nikotin an der Ëmwelt. Niewent dësem Nervegëft enthalen d‘Zigarettenoffäll och nach aner Substanze wéi Arsen, Koffer, Bläi a weider Chemikalien di zesummen e gëftege Cocktail erginn, dee schiedlech oder souguer déidlech fir Planzen a Déiere ka sinn. Dofir gouf a Frankräich e Gesetz gestemmt wouno d’Tabakindustrie fir d’Entsuergung vun Zigarettenstëmp souwéi Sensibiliséierungscampagnë an héicht vun 80 Milliounen Euro soll opkommen. Sou sollen zum Beispill mëttels dem Verdeele vun Täschen-Äschebecheren oder dem Opstelle vu Poubellë fir Zigaretten an deenen nächste 6 Joer 40 Prozent manner Zigarettenstëmp an der Ëmwelt landen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi ass d’Positioun vun dem Ëmweltministère zu dësem Gesetz?
  • Wéilt d’Madamm Ëmweltministesch een diesbezüglecht Gesetz och zu Lëtzebuerg op den Instanzewee bréngen?
  • Wann nee, wat sinn d’Grënn firwat sou en Gesetz net méiglech soll sinn?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

   

Paul Galles     Marc Lies

Deputéierten     Deputéierten

Zréck