Wéi séier ginn d’Aiden un d’Betriber, déi duerch d’Héichwaasser Schued erlidden hunn, ausbezuelt, vir ze verhënneren datt dës Betriber a Liquiditéitsschwieregkeeten geroden ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weider ze leeden.

Déi rezent Iwwerschwemmungen hunn op ville Platzen schlëmm Schied verursaacht. Och vill Betriber goufe schwéier vun der Naturkatastrophe betraff an hunn mat den wirtschaftlechen Auswierkungen ze kämpfen. 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen wéi vill Betriber vum Héichwaasser betraff sinn/waren ?
  • Wéi vill Produktiounsanlagen sinn ausgefall ?
  • Wéi vill Betriber haten Probleemer mat der Liwwerketten duerch d’Iwwerschwemmungen ? 
  • Wéi séier ginn d’Aiden un d’Betriber, déi duerch d’Héichwaasser Schued erlidden hunn, ausbezuelt, vir ze verhënneren datt dës Betriber a Liquiditéitsschwieregkeeten geroden ? 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz 

Deputéierten

Zréck