Etat de la Nation 2019 – “konstruktiv-kritisch Oppositioun”

Gëschter huet CSV op dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun reagéiert.  An deem Kader sinn nieft der Fraktiounspresidentin Martine Hansen och nach Deputéiert Claude Wiseler, Marc Lies, Léon Gloden, Marc Spautz, Gilles Roth a Laurent Mosar intervenéiert.

Als konstruktiv Oppositiounspartei huet CSV konkret Verbesserungsvirschléi gemaach deenen de Leit hirer Liewenswierklechkeet, hire Problemer, an hiren Urgencen am Alldag Rechnung droen. Dat ënnert anerem am Logement an an der Klimapolitik. Eng ganz Reih un Gesetzespropositiounen, Motiounen a Resolutioune sinn an dësem Sënn virgestallt ginn.

Leider sinn dess Virschléi vun der Majoritéit verworf ginn. Hei eis Propositiounen fir nozeliesen:

Résolution Transmission en direct commissions parlementaires – approuvé

Résolutioun Commission spéciale – refusé

Motion TVA Logement 3% de 50.000 à 100.000 – refusé

Motion Taxe Nationale de Spéculation – refusé

Motion neutralité climatique au sein de l’administration étatique 2040 – refusé

Motion Commissariat de proximité – refusé

Proposition de loi – location avec option d’achat

Proposition de loi – exemption totale de la plus-value pour le Fonds du Logement

Proposition de loi – bëllegen Akt de 20.000 à 50.000 euros

Proposition de loi – imposition de la plus-value immobilière réalisée dans le cadre du patrimoine prive au quart du taux

De Résumé vun den Interventiounen:

Fir Martine Hansen ass d‘Lag vun der Natioun, d’Lag vun de Leit. D’Lag vum Alldag vun de Leit.  Politik muss d’Liewe vereinfachen a verbesseren, mat méi Liewensqualitéit. An der Klimafro wëll CSV Leit mat an d’Klimaboot kréien, mat Uräizer a net mat Verbueter. Der CSV hire Kompass sinn d’Leit. Politik vun der Regierung ass ze wäit vun de Leit ewech, ze wäit vun hirer Liewenswierklechkeet, vun hire Problemer, vun hiren Urgencen am Alldag.

De Claude Wiseler huet a senger Interventioun festgestallt dass mir net onendlech kënnen wuessen. Wann d‘Regierung bereet ass, d’Wuesstemsfro an hir Konsequenzen endlech unzegoen, fënnt se an der CSV e konstruktiven Diskussiounspartner.

„D’Wunnen ass fir d’CSV e Grondrecht.“ sou de Marc Lies. D’Regierung muss massiv an de Wunnengsbau investéieren an de Perimeter erweideren. Fir abordabel Loyeren proposéiert CSV den Optiounskaf. D’CSV huet net manner wéi 4 Gesetzesvirschléi an 2 Motiounen fir de Logement agereecht.“

„D‘CSV steet kloer an däitlech zum Lëtzebuerger Modell mat enger moderniséierter Tripartite.  De soziale Fridden ass zentral fir eise Standuert. Duerfir muss de Sozialdialog weidergoen.“ sou de Marc Spautz a senger Ried.

Den Ofschloss  hunn de Gilles Roth a Laurent Mosar gemaach. Fir de Gilles Roth ass de Rechtsstaat kee Willkürstaat. D‘Onscholdsvermutung an d‘Gläichbehandlung gëllt fir all Bierger. Grad beim alldeeglechen Oflaf mat de Verwaltungen. CSV hat Recht beim Nofroen a Saache Casier bis. „Mir loossen eis net monddoud maachen.“ sou dem Gilles Roth seng Conclusioun.

De Laurent Mosar ass och op dem Dossier vum Casier bis agaangen : „Ouni Zivilgesellschaft an Oppositioun wiere mer nach am Wanterschlof beim Casier bis. Mir fuerderen haut eng Spezialkommissioun. D‘Regierung muss endlech all Fakten virleeën. Et muss Schluss mam Katz-a-Maus-Spill sinn. An och mam Maulkuerf fir d‘Oppositioun.“