Questions parlementaires

Ass d’Regierung der Meenung datt d’Decisioun vun der europäescher Kommissioun, fir fossil an nuklear Energie als gréng anzestufen, e positiven oder negativen Impakt op eis Finanzplaz huet ?

Wéi huet de Präis vu mineraleschem Dünger sech an de leschten 12 Méint entwéckelt ?

Wéi gedenkt d’Regierung de Leit ze hëllefen déi 3 Mol geimpft, bei deenen den Impfcertificat awer just nach 1/3 Impfungen uweist ?

D’Terraine fir de Bau vum Nordstad-Lycée sinn nach ëmmer net am Besëtz vum Staat. A wéi engem Mooss ass den Här Minister bereet, op d’Fuerderung vun de Propriétaire vun den Terrainen anzegoen an iwwer de Präis ze diskutéieren?

Kann d’Regierung mech informéieren aus wéi engem Grond et esou laang dauert bis déi Persounen, déi 2 Impfdosen, dovun 1 mam Johnson & Johnson kruten, hire Bréif erhalen vir e RDV vir eng 3. Dose ze kréien ?

Kann d’Madame Ministesch mir confirméieren, dass et der Gemeng verbueden ass engem Propriétaire Informatiounen ze ginn iwwert d’Persounen déi a senger Wunneng ugemellt sinn?

Konnt d’Regierung feststellen datt hier Informatiouns-a Preventiouns Campagne zu de Krankheeten, déi duerch eng Zeckepiqûre iwwerdroen ginn, e positiivt d’Resultat hat ?

Hunn sech di verschidden Haiser aus dem Alters- a Fleegeheem Secteur an Ofspriechung mat der Inspection sanitaire eenzel sanitär Konzepter ginn fir op eng Hausse vu positive Fäll resp. op Clusteren ze reagéieren ?

Wéi stellt d’Regierung sécher datt d’Revenuen déi vu “plateformes collaboratives” gemaach ginn och richteg deklaréiert ginn ?

Hunn sech di verschidden Haiser aus dem Alters- a Fleegeheem Secteur sanitär Konzepter ginn?