Kann d’Regierung confirméieren, dat et hei am Land an de leschten Deeg Liwwerproblemer beim Paracetamol gouf?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

No Berichter an de Medien wier et an de leschten Deeg zu Lëtzebuerg zu Enkpäss bei der Versuergung mat Paracetamol komm. An deem Kontext wollten mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kann d’Regierung confirméieren, dat et hei am Land an de leschten Deeg   Liwwerproblemer beim Paracetamol gouf?
  • Kann d’Regierung confirméieren, dat kee Sirop fir Kanner op Basis vun Paracetamol méi disponibel war?
    • Wa jo, wat waren d’Ursaachen fir des Enkpäss?
  • Ass d’Versuergung mat dësem Medikament nees sécher gestallt?
  • Kann d’Regierung garantéieren, dat am Fall, wou et zu weider Liwwerproblemer kënnt, genuch alternativ Medikamenter zur Verfügung stinn?
  • Gëtt d’Regierung am Fall, wou et nees zu Rupture beim Stock kënnt, Consignen un d’Apdikten eraus?
    • Wa jo, wat fir Consignen wäerten dat sinn?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Claude Wiseler    et Martine Hansen

Deputéierten                            

 

Zréck